Op den Inhalt sprangen

Lettland

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Latvijas Republika

Fändel vu Lettland

Wope vu Lettland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Lettesch
Haaptstad: Riga
Staatsform: Republik
  President: Edgars Rinkēvičs
  Premierministesch: Evika Siliņa
Fläch: 64 589 km²
  Dovu Waasser: 1,5 %
Bevëlkerung: 1.856.932 (Stand 1. Januar 2025)[1][2]
Nationalfeierdag: 18. November
Nationalhymn: Dievs, svētī Latviju
(Lauschteren)
Wärung: Euro (EUR)
Zäitzon: UTC +2 (+3 am Summer)
Internet TLD: .lv
Internationalen
Telefonsprefix
:
+371

Lettland (lv: Latvija) ass eng Republik am Nordoste vun Europa. Lettland läit tëscht senge balteschen Noperen Estland (Norden) a Litauen (Süden). Am Weste mécht d'Küst zum Ostmier d'Grenz. Am Osten, respektiv Südosten, grenzt Lettland u Russland a Wäissrussland.

Lettland besteet am Weesentlechen aus fënnef historesche Regiounen: Kurland (Lettesch: Kurzeme) am Westen, Livland (Vidzeme) am Nordosten, Semgallen (Zemgale) a Selonien (Sēlija), enger schmueler Sträif tëscht dem Floss Düna (Daugava) an der litauescher Grenz, gradewéi Lettgallen (Latgale) am Südosten.

Et besteet gréisstendeels aus enger hiwweleger Moränelandschaft mat Bëscher, ville Séien an enger laanger, relativ flaacher Küst. Déi längst Flëss a Lettland sinn d'Düna an d'Gauja. De Lubānsséi ass mat enger Fläch vun 80,7 km² de gréisste Séi a Lettland, iwwerdeems den Dridzaséi den déifste Séi an de baltesche Staaten ass (bis zu 65,1 m déif).

D'Haaptstad Riga ass och de geographeschen Zentrum vum Land. De Golf vu Riga, eng Bucht um Baltesche Mier, läit am Nordweste vum Land.

D'Republik Lettland huet eng Fläch vu 64.589 km² an ass domat just e bësse méi kleng wéi den Noper Littauen (65.300 km²). D'Land erstreckt sech an Ost-West-Richtung iwwer 450 km an an Nord-Süd-Richtung iwwer 210 km.

Um Enn vum Zweete Weltkrich gouf Lettland vun der Rouder Arméi eruewert an duerno als Lettesch Sozialistesch Sowjetrepublik un d'Sowjetunioun ugeschloss, bis et nom Zerfall vun där, den 21. August 1991 nees en eegestännege Staat gouf.

D'Republik gouf 2004 Member vun der NATO a vun der Europäescher Unioun.[3] Den 21. Dezember 2007 ass Lettland dem Schengen-Raum, an den 1. Januar 2014 der Eurozon bäigetrueden.[4] Den 1. Juli 2016 gouf Lettland Member vun der OECD.

 Commons: Lettland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. Iedzīvotāju skaits pēc tautības reģionos, pilsētās, novados, pagastos, apkaimēs un blīvi apdzīvotās teritorijās gada sākumā (pēc administratīvi teritoriālās reformas 2021. gadā). Centrālā statistikas pārvalde. Gekuckt den 22. August 2025.
  3. (de) Vor 20 Jahren: Größte Erweiterung der Nato. www.merkur.de (28.03.2024) Archivéiert de 06.04.2024. Gekuckt den 22.07.2025.
  4. (lb) Lettland: Mam neie Joer koum den Euro. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.