Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.214 Artikelen an 141 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?
- … de Jarosław Kaczyński 2006-2007 polnesche Premierminister ënner dem Staatspresident Lech Kaczyński, sengem eeneeëgen Zwillingsbrudder, war?
- … den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?
- … d'Loschbur-Fra eng 1000 Joer méi al ass wéi de Loschbur-Mann?
- … Baarle-Hertog, eng belsch Gemeng, ë. a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
Artikel vun der Woch

De Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaft déi den 23. Dezember 1921, vu kathouleschen Aarbechter aus dem 1903 gegrënnte Luxemburger katholischer Volksverein eraus gegrënnt gouf. Als Gewerkschaft baséiert den LCGB seng gewerkschaftspolitisch Aktioune sou op der chrëschtlecher Sozialléier.
Den LCGB ass, mat eppes iwwer 39.000 Memberen (Stand: 2013), nom OGB-L déi zweetgréisst Gewerkschaft zu Lëtzebuerg. Den LCGB ass nieft dem OGB-L an der CGFP eng vun den dräi national representative Gewerkschaften an hëlt an där Qualitéit un den Tripartitesëtzungen Deel, verhandelt mat de Patronsfederatioune Kollektivverträg oder Accorden an ass an de Gremie vun der Gesondheetskeess, der Pensiounskeess an dem Conseil économique et social (CES) vertrueden... > méi

Op engem 1. Mee

- 1830: Gebuert vum flämeschen Dichter Guido Gezelle.
- 1852: Déi US-amerikanesch Western-Heldin Calamity Jane kënnt op d'Welt.
- 1900: Doud vum ongresche Moler Mihály Munkácsy.
- 1904: Den tschechesche Komponist Antonín Dvořák stierft.
- 1917: Déi franséisch Schauspillerin Danielle Darrieux gëtt gebuer.
- 1918: Doud vum lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker Jean Schortgen.
- 1991: Flutkatastroph am Bangladesch; et gëtt geschat, datt 500.000 Leit ëm d'Liewe koumen.
- 2004: Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern gi Member vun der Europäescher Unioun.
Kierzlech Verstuerwen

- 1. Mee: Gust Stefanetti, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 30. Abrëll: Georg Baselitz, däitsch-éisträichesche Moler a Sculpteur.
- 17. Abrëll: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Mario Adorf, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 6. Abrëll: René Daubenfeld, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
